
Bis den 21. September kann een nach online iwwer 10 Propose fir den Design vun den nächsten Euroschäiner ofstëmmen. Niewent de Votte vun de Leit dobaussen, huet och nach eng Jury e Wuert matzeschwätzen. Ënnert anerem soll séchergestallt ginn, dass den Design um Enn och technesch ëmsetzbar ass.
Dat Ganzt brauch allerdéngs seng Zäit an déi aktuell Schäiner wäerten eis nach eng Zäit erhale bleiwen. Et wäert nämlech bis Enn vun den 2020er Joren daueren, bis déi nei Schäiner an de Portmonni vun den EU-Biergerinnen a Bierger kënne kommen. Virdru musse se nach am Detail entwéckelt a getest ginn.