Eng Ënnerwaasserwelt, déi de professionellen Tauchfotograf Alexis Rosenfeld zanter bal 30 Joer besicht a mat aneren deelt. Alles, fir se besser ze schützen.
“D’Iddi ass et, wierklech meng Foto- a Videoaarbecht an déi vu menge Mataarbechter, ze benotzen, fir d‘Geschicht vum Ozean ze zielen. Ewéi wéi ee sech hautzedaags kann engagéieren a léiert, eis Mierer ze protegéieren. Et geet wierklech drëm, dat ze kennen, wat een och wëll a soll protegéieren.“
A genee dowéinst huet d’Unesco him en Optrag ginn. Iwwert eng Period vun 10 Joer wäert den Tauchfotograf d’Gewässer vum Planéit bereesen, fir Opname vum Ënnerwaasser-Patrimoine ze maachen. Aktuell ass den Alexis vill ronderëm Tahiti ënnerwee, op der Sich no Korallen, déi der globaler Äerderwiermung standhale kënnen.
“Dat ass haut eppes, wat relativ komplizéiert ass. No all Phas, wou d’Waasser nees méi waarm gëtt, gëtt den Impakt op d’Korallepopulatioun ëmmer méi dramatesch. Wat een iwwert déi lescht Jore verstanen huet ass, datt op Plazen, wou d’Waasserstréimung vu méi déif am Mier kënnt, do d’Populatioune vill méi gesond sinn. Dës gi grad erfuerscht.”
Bei Seancen ewéi rezent am Kino um Kierchbierg mat Schüler an och dem Grand-Duc gëtt probéiert, d‘Thematik dem Grand-Public méi no ze bréngen. Et si Biller, déi hypnotiséieren, déi ee matféiwere loossen. Et ass en Thema, Geschichten, déi jidderee concernéieren.
“De Mënsch ass zu 100 Prozent ofhängeg vum Mier. D’Mierer balancéieren alles. Se balancéieren d’Weltklima. Keng gesond Mierer, heescht keng Mënschen”, esou den Alexis Rosenfeld. De Knascht an de Mierer gëtt vu Joer zu Joer schlëmmer, heescht et vum Spezialist. An och wa probéiert gëtt, d’Mierer nodréiglech propper ze kréien, ass den Impakt vun esou Initiative kaum nennenswäert.
“Wann de Plastik bis eng Kéier am Mier ass, dann ass en dran. 1-2 Prozent vum Plastik sinn op der Uewerfläch erëmzefannen. De Rescht geet direkt an d’Déift. Do kann ee guer näischt méi maachen. An e kënnt zum Deel nees an eiser Alimentatioun zeréck.“
Aktuell consomméiert de Mënsch 5 Gramm u mikroskopesch-klenge Plastiksstécker d‘Woch. Dat entsprécht ongeféier enger Kreditkaart, esou eng Etüd vun der Uni Wien. Plastik, dee vu Verpackungen an aus Produite mat Ursprong vun Déieren aus dem Mier kennt.