
Nodeems de klenge Cassius Marcellus Clay jr. zu Louisville säi Vëlo geklaut kritt, geet hie bei d'Police an téint, hie wéilt den Déif ëmbréngen. De Polizist Joe Martin, deen niewebäi eng Boxschoul bedreift, freet de Clay doropshin, ob hien dann iwwerhaapt kämpfe kéint. Hie weess nach net, wéi en Talent an him schléift, mee hie wäert et séier gewuer ginn.
Schonn no sengem éischten Amateur-Match kënnegt de Clay un, datt hien enges Daags "dee Gréisste" wäert sinn. 1960 gewënnt hien op den Olympesche Spiller zu Roum d'Goldmedail a fënnt iwwert dee Wee an de Profi-Sport. Net nëmme säi Stil, seng ganz Perséinlechkeet ass onkonventionell. 1964 kréint de Cassius Clay sech zum Weltmeeschter am Schwéiergewiicht, wéi hie géint de Sonny Liston gewënnt. Wéineg méi spéit leet hie säi "Sklavennumm" of a wëllt vun do u Muhammad Ali heeschen, nodeems hien zum Islam konvertéiert an der "Nation of Islam" bäigetruede war.
Mëtt de 60er Joren ass den Ali um Héichpunkt. Hien trëfft d'Beatles an den Elvis Presley, hie verdeedegt säin Titel dacks mat iwwerhieflecher Liichtegkeet an de sougenannten "Ali Shuffle" gëtt zu sengem Markenzeechen. Fir d'Afroamerikaner gëtt den Ali zum Idol, villen anere mécht hien awer Angscht. D'Rasse-Konflikter ginn an den USA ëmmer méi grouss a wéi hien 1967 refuséiert, an de Vietnam-Krich ze zéien, well seng Relioun him dat verbitt, gëtt him d'Box-Lizenz entzunn an hie kritt 5 Joer Prisong. D'Ëffentlechkeet ass gedeelter Meenung. De Boxer dierf zwar op Sursis dobausse bleiwen, kritt awer säin Titel a säi Pass ofgeholl.
De Muhammad Ali polariséiert, hien ass zum Symbol vun der amerikanescher Géigekultur ginn, an nom Comeback ass hien net méi deen Alen. Am "Fight of the Century" verléiert hien 1971 no Punkte géint den Joe Frazier. Den Ali muss sech de Wee bei den nächsten Titel nei verdéngen, gewënnt déi nächst 10 Matcher, fënnt säi grousst Mondwierk zréck, éiert hien 1973 géint de Ken Norton eng nächst Néierlag muss astiechen. D'Réckmatcher géint Frazier an Norton ginn duerno knapp un den Ali, dee sech domat e WM-Kampf géint den George Foreman verdéngt.

Den Olympiagewënner vun 1968 huet nach kee vu senge 40 Profikämpf verluer an et gëtt domat gerechent, dass hien den Ali an d'Pensioun wäert schécken. De "Rumble in the Jungle" gëtt 1974 zu Kinshasa am fréiere Zaïre ausgedroen, wou d'Fans op dem Ali senger Säit sinn. "Ali, boma ye!", ruffen se, "Ali, schlo en dout!". Hie léisst de kierperlech iwwerleeëne Foreman sech midd maachen, provozéiert mat senge Spréch a kann um Enn vun der 8. Ronn de Weltmeeschter K.O. haen. De Muhammad Ali ass zréck um Box-Troun a gewënnt och am eegene Land d'Sympathien no an no zréck.
1975 verdeedegt den Ali säin Titel géint den Joe Frazier. Hir drëtt Konfrontatioun gëtt als "Thrilla in Manila" weltbekannt. Bei 40° Celsius behält "The Greatest" um Enn d'Iwwerhand, kann duerno awer net méi u seng bescht Leeschtungen uknäppen. Spéitstens do wier et Zäit gewiescht, fir de Récktrëtt vun der grousser Bün. Seng Mamm wëllt hien net méi kämpfe gesinn an éischt gesondheetlech Problemer sinn och net méi z'iwwersinn. 1978 verléiert den Ali géint de Leon Sprinks säin Titel am Schwéiergewiicht. Am Réckmatch kann hien zwar nach emol gewannen a fir d'Drëtt Weltmeeschter ginn, mee hie ka schonn net méi däitlech schwätzen a geet 1981 am "Drama in Bahama" géint den Trevor Berbick endgülteg ënner.
Offiziell diagnostizéiert gëtt dem Muhammad Ali seng Parkinson-Erkrankung 1984. Dass d'Boxen doru Schold wier, ass ni bewise ginn. Well dem Ali seng geeschteg Fäegkeete weider net ageschränkt sinn, bleift hien an der Ëffentlechkeet a setzt sech fir d'Verstännegung tëscht der westlecher an der islamescher Welt an. 1996 fillt déi ganz Welt mat exzeptionelle Sportler mat, wéi hien zu Atlanta d'Feier vun den Olympesche Summerspiller ufänkt. No an no verschlechtert sech dem Ali säi Gesondheetszoustand an den 3. Juni 2016 stierft hien am Alter vu 74 Joer zu Scottsdale am Arizona an enger Klinik, un de Suitte vun engem septesche Schock.
Méi wéi 100.000 Mënsche begleeden "The Greatest" duerno a senger Gebuertsstad Louisville iwwer 30 Kilometer op sengem leschte Wee. D'Trauerried gëtt vum deemolegen US-President Bill Clinton gehalen, deen doropshi vun de Konservative kritiséiert gëtt, well den Ali de Krichsdéngscht verweigert hat. Säi Sarg gëtt ënnert anerem vun de fréiere Weltmeeschtere Lennox Lewis a Mike Tyson gedroen.
Boxen ass, wa vill Wäisser nokucken, wéi sech zwee Schwaarzer zerschloen.
Mäin häertste Kampf war dee géint meng éischt Fra.
Schwief wéi e Päiperlek, stéch wéi eng Bei. Seng Hänn kënnen net treffen, wat seng Aen net gesinn.
Ech sinn net dee Gréissten. Ech sinn den Duebel-Gréissten. Ech knocken se net aus, ech soe souguer d'Ronn viraus.
Et ass schwiereg, bescheiden ze sinn, wann ee sou groussaarteg ass wéi ech.
Ech sinn esou séier, d'lescht Nuecht hunn ech d'Luucht a mengem Zëmmer ausgemaach a war am Bett, éier et däischter war.
Ech sinn dee Beschten. Ech hu just nach ni gespillt. (Äntwert op d'Fro, ob hie gutt géing Golf spillen)