derwäert – Episod 1: Marcel ThomaE grousse Projekter aus enger anerer Zäit

Pitt Wagner
Mat engem imposante Projekter kënnt de Marcel Thoma op de Plateau vun "derwäert".
derwäert – Episode 1: Marcel Thoma - E grousse Projekter aus enger anerer Zäit
Laang virum Streaming an de modernen Heemkinoe gouf et schonn eng aner Aart, Filmer doheem ze kucken. Ass dëse rare Projekter haut e gesichte Sammlerstéck?

Den Apparat huet laang zu senger Famill gehéiert a stoung iwwer Joren um Späicher. Elo wëll hien endlech gewuer ginn, wat sech hannert dësem aussergewéinlechen Objet verstoppt.

D'Sophie Becker empfänkt de Marcel an héiert sech d'Geschicht hannert dem Projekter un. Uschléissend hëlt d'Caroline Cuny-Desprez den Apparat genee ënnert d'Lupp a geet op d'Sich no senger Hierkonft. Dobäi gëtt séier kloer, datt dësen Objet un eng Zäit erënnert, laang ier modern Schlappekinoen an digital Projektere sech duerchgesat hunn.

Wat de Projekter haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun dënschdes bis donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO