
D’Aline Bourscheid an de Clovis Degrave, déi keng Onbekannt sinn an der Lëtzebuerger Gastronomie, hunn dat neit Konzept op d’Been gestallt. Si sinn och d’Gerante vun der Hostellerie du Grünewald a vum Grünewald Chef’s Table.
Wouhier kënnt den Numm “Maison B”? “Well et en aalt Haus war an et ass een um Biergerkräiz”, esou d’Äntwert vun de Geranten.
An der Kichen assuréieren de Laurent Bonnarens (virdrun am Toit pour Toi an Ikki) an den Emmanuel Jamet (virdru Sous-chef am Jardin d’Anaïs).