Fir hiren Doud ze beweisenMann an Indien dréit Läich vu verstuerwener Schwëster a Bankfilial fir Accès op Kont ze kréien

AFP, iwwersat vun RTL
Et ass eng verstéierend Zeen, déi sech an enger Bankfilial am ostindesche Bundesstaat Odisha zougedroen huet.

Fir Accès op hire Bankkont ze kréien, huet e Mann d'Läich vu senger réischt viru puer Deeg begruewener Schwëster ausgegruewen an an eng Filial vun der Indian Overseas Bank gedroen. Vun engem Bankemployé hat hie virdru gesot kritt, hie kéint nëmme mat enger Bevollmächtegung vun der Proprietärin vum Kont Sue vun dësem ofhiewen. Och hat hie keen Acte de décès konnte virweisen, an huet dorpopshin d'Läich vun der Fra an d'Bank matbruecht. Biller vun Iwwerwaachungskameraen, déi vun indesche Medie publizéiert gi sinn, weise wéi hien eng zum Deel a Plastik agewéckelt Läich iwwer d'Schëller gedroen huet.

Vun der Bank heescht et, de Virfall hätt eng "immens onangeneem Situatioun" verursaacht an et géing dem Mann offensichtlech u Verständnes vu Bankprozedure feelen. Seng Demande géif awer "mat Prioritéit" traitéiert ginn, soubal hien e valabelen Acte de décès virweise kéint. An Indien ass et obligatoresch, Gebuerten an Doudesfäll ze dokumentéieren, allerdéngs klappt dat besonnesch an de ländleche Regiounen net ëmmer.

Back to Top
CIM LOGO