"May the 4th be with you"D'Star-Wars-Charaktere besichen d'Patiente vun der Kannerklinik am CHL

Christophe Hochard
Grouss Aen hunn d'Kanner an der Klinik vum CHL gemaach, wéi d'Star-Wars-Helden duerch d'Gäng spadséiert sinn.

En intergalaktesche Moment gouf et e Méindeg nees fir d'Kanner an der Klinik vum CHL. D'Helde vu "Star Wars" hate sech am Spidol ugemellt a si koumen net mat eidelen Hänn. Vill, flott Kaddoen haten si am Gepäck. Vum Chewbacca, iwwer den Darth Vader bis hin zu der Prinzessin Leia Organa. Grouss An hunn déi kleng Patiente gemaach. Duerch d'Visitt vun dësen Helden aus de 70er an 80er Joren hunn déi krank Kanner fir een Ament hiert Leed vergiess.

Schonn e Sonndeg 3. Mee waren d'Star Wars Helden an der Stad Lëtzebuerg ënnerwee. Enner anerem beim Stater Palais konnt een si erblécksen. Am Dezember kommen si och reegelméisseg an d'Kannerklinik. Meeschtens kuerz viru Chrëschtdag, fir de Kanner dann och Kaddoen ze bréngen. 

"May the 4th be with you", ass eng Uspillung op d'Ausso "May the force be with you". De 4. Mee 1978 gouf dëse Sproch vum Margaret Thatcher hirer Partei (Konservativ) an enger Zeitungsannonce benotzt, fir hir zum Succès als Premierministesch ze gratuléieren.

Back to Top
CIM LOGO