Neien HéchststandAll drëtt Gebuert an Däitschland mëttlerweil per Keeserschnëtt gemaach

RTL mat AFP
2024 ass d'Zuel vun de Keeserschnëtter an Däitschland op en neien Héchststand geklommen, mat ronn all drëtter Gebuert am Spidol, déi operativ duerchgefouert gouf.
Mat 60,1 Prozent sinn d'Majoritéit vu Kanner an Däitschland 2024 natierlech op d'Welt bruecht ginn.
© Canva / FatCamera

2024 huet d'Frequenz vu Keeserschnëtter an Däitschland en neien Héichpunkt erreecht. Dem Statistesche Bundesamt zu Wiesbaden no ass all drëtt Gebuert an engem Spidol per Keeserschnëtt gemaach ginn.

D'Zuele schwanken awer däitlech tëscht de Bundeslänner – besonnesch héich war de Prozentsaz an Hamburg, Saarland an Hessen, wärend Sachsen, Brandenburg a Berlin am mannsten op de Keeserschnëtt zeréckgegraff hunn.

2024 hunn an Däitschland am Ganze 654.600 Fraen am Spidol e Kand op d'Welt bruecht, dovun 215.900 – also ronn 33 Prozent – mat engem Keeserschnëtt. Domat ass dës Prozedur esou heefeg wéi nach ni an huet sech zanter 1991, wou de Prozentsaz nach bei 15,3 Prozent louch, praktesch verduebelt.

Nieft dem Keeserschnëtt gi weider Gebuertshëllefsmethoden agesat, och wann dës méi rar sinn. Ventousë goufe bei 6,7 Prozent vun de Gebuerten ugewannt, eng Gebuertszaang bei nëmmen 0,2 Prozent.

Mat 60,1 Prozent ass d'Majoritéit vu Kanner natierlech op d'Welt bruecht ginn.

Am Spidol waren 2024 ronn 12.900 Hiewammen a Fleeger fir ze accouchéieren am Asaz – dat si 400 Leit méi, wéi nach am Joer virdrun, wat engem Plus vun 3,3 Prozent entsprécht.

Back to Top
CIM LOGO