Seegel-Tuer: Les Voiles de l'Espoir (Deel 5 vu 7)Monaco!

Table Ronde
"Les Voiles de l'Espoir" ass déi weltwäit gréisst solidaresch Seegelveranstaltung fir Kanner (8-14 Joer), déi Kriibs haten. Déi 13. Editioun ass vum 6. bis den 13. Juni op der Côte d'Azur.

Bei de "Voiles de l'Espoir" ass dëst Joer och eng Ekipp aus dem Grand-Duché mat derbäi: d'Team Table Ronde Lëtzebuerg. D'Table Ronde ass eng Associatioun, déi ënner anerem Projete fir de gudden Zweck mécht an ënnerstëtzt. An engem Tagebuch huelen d'Kanner eis Dag fir Dag mat op hir Aventurë wärend hirem Seegel-Tuer.

De fënneften Deel vun hirem Tagebuch

Monaco!

Wat en Dag… de Moie sinn d’Kanner zu Villefranche u Land bruecht ginn. 

No engem klenge Früstück goung et dunn an enger Policepatrull mam Bus vu Villefranche op Monaco. 

Visitt vum Stadzentrum, de Wiessel vun der Garde an dunn als nächsten Highlight en Tour mam Club automobile de Monaco iwwer de Formel-1-Circuit. Dat ganzt e puer Deeg nom Grand Prix. 

Dunn nach eng Visitt am Aquarium an dann zeréck op d'Booter. D'Booter, déi stounge mëttlerweil am legendäre Yacht Club vu Monaco. D'Entrée an den Hafe war och fir déi Erwuessen, déi den Transfert vun de Booter gemaach hunn, eppes ganz Besonnesches. 

Als Ofschloss vum Dag huet de Yacht Club op eng Feier an en Iessen invitéiert.

En Dag, an dem ee méi erlieft huet wéi soss a sou muncher Vakanz… 

D'Kanner kommen net méi aus dem Staunen eraus. Wat Erliefnisser fir eis kleng Helden. 

Elo geet et sou lues erëm Richtung Heimathafen. Mee nach ass d'Aventure net eriwwer.

Bis muer!

Seegel-Tuer: Les Voiles de l'Espoir (Deel 5 vu 7)
"Les Voiles de l'Espoir" ass déi weltwäit gréisst solidaresch Seegelveranstaltung fir Kanner (8-14 Joer), déi Kriibs haten.


Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO