No 50 JoerUfank Dezember ass Schluss mat der feministescher Zeitung "Emma"

RTL Lëtzebuerg
Déi mëttlerweil 83 Joer al Alice Schwarzer, déi d'Zeitung am Januar 1977 an d'Liewe geruff huet, huet dat e Mëttwoch confirméiert.
© MARCEL METTELSIEFEN/dpa Picture-Alliance via AFP

Geschwënn ass Schluss mat der feministescher Zeitung "Emma", déi et mëttlerweil zimmlech genee 50 Joer gëtt. D'Editioun vum 8. Dezember 2026 wäert déi lescht Kéier sinn, dass d'Zeitung erausbruecht gëtt. Dat confirméiert och d'Alice Schwarzer. Déi 83 Joer al Feministin a Journalistin, huet d'Zeitung fir Fraen de 26. Januar 1977 erausbruecht.

Wéi et heescht, wieren et net déi wirtschaftlech Grënn, déi dozou gefouert hunn, dass d'Zeitung agestallt gëtt. D'Zuel un Exemplaren, déi verkaaft géife ginn, géif zwar erofgoen, ma et géif nach ëmmer duergoen, fir d'Ausgaben ze decken, sou d'Alice Schwarzer. "Mir ginn, well mer mengen: Et geet duer", sou d'Schwarzer weider.

Back to Top
CIM LOGO