Decisioun vum EU-ParlamentVeggie-Wurscht, Veggie-Burger a Sojaschnitzel däerfen hir Nimm behalen

Pierre Jans
D'Veggie-Wurscht däerf hiren Numm behalen. Och de Sojaschnitzel an de Veggie-Burger mussen net ëmgedeeft ginn.
© Photo by MARIJAN MURAT / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Dat huet d'EU-Parlament decidéiert. Fir aner vegetaresch Ersatzproduite gëllt awer e Verbuet: si däerfen net als Poulets- oder Rëndsfleesch benannt ginn. Och Begrëffer ewéi Steak, Bacon, Liewer a Rëpper si verbuede fir Veggie-Produiten. De Kompromëss vu Stroossbuerg gesäit awer vir, dass vegetaresch Produite Burger, Schnitzel, Wurscht oder och Nuggets dierfen heeschen. Déi franséisch Europadeputéiert Céline Imart hat d'Propositioun gemaach, fir och d'Interête vun de franséische Rëndsbaueren ze protegéieren.

Déi meescht Konsumenteschützer hate sech géint e Verbuet ausgeschwat. Och déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz vun déi gréng kritiséiert de Kompromëss. Domat wär hirer Meenung no kengem gehollef, och net de Baueren. Déi misste richteg ënnert d'Äerm gegraff kréien an net mat der Protektioun vu Begrëffer.

Back to Top
CIM LOGO