
De muslimesche Faaschtemount ass wäit verbreet an d’Moslemen iwwerall op der Welt solle probéieren, dësen anzehalen. De Ramadan ass den néngte Mount vum islamesche Kalenner. Wärend dëser Zäit faaschten d’Moslem all Dag vun deem Ament un, wou dat éischt Liicht vun der Sonn ze gesinn ass, bis zum Ament, wou se ënnergeet.
Daagsiwwer gëtt op Iessen an Drénke verzicht an déi ronn 1,9 Milliarde Moslemen, wa si dann deelhuelen, sollen och onmoralesch Handlungen evitéieren. Ma och soll een op Luxus, wéi Parfum oder vill Gespréicher verzichten an un déi Leit denken, deenen et net esou gutt geet. Zil dovunner ass et, fir d’Häerz an d’Séil ze rengegen.
Well de moslemesche Kalenner, dee sech nom Mound orientéiert, anescht gerechent gëtt, wéi deen an Europa, fält de Ramadan och net all Joer op genau déi selwecht Zäit. U sech verréckelt e sech 10 bis 12 Deeg pro Joer no vir.
De Faaschtemount hält mam Zockerfest, och Ramadanfest oder Id-ul-Fitr genannt, op. Dëst Joer geet dëst Fest vum 9. Abrëll, wann d’Sonn ënnergaangen ass, bis den Dag dono inclus.

Den Numm Ramadan kënnt aus dem Arabeschen an et kéint een en als “waarme Mount"" iwwersetzen. Héichpunkt vum Faaschtemount ass d"Lailat al Quadr”, also d’Nuecht vun der Bestëmmung. An där soll der Iwwerliwwerung no de Prophet Mohammed eng éischte Kéier Passagen aus dem Koran offegeluecht krut hunn, dat vum Äerzengel Gabriel am Joer 610 no Christus. Haut biede vill Moslemen déi ganz Nuecht iwwer an der Hoffnung, datt hinnen hir Sënne vergi ginn.
Al Leit, Kanner, Kranker, schwanger Fraen a Leit, déi reesen, an Zaldoten am Krich mussen d’Faaschten net duerchzéien. Si kréien awer d’Méiglechkeet, dëst nozehuelen.
Ee Ramadan-Dag kann nämlech ustrengend a laang ginn, deemno a wéi eng Joreszäit de Faaschtemount fält. Am Wanter kann den Dag, also déi Zäit, wou een op Iessen a Gedrénks verzichte soll, eng 8 Stonnen daueren. Fält de Ramadan awer an de Summer, bleiwen d’Telleren an d’Glieser 19 Stonne laang eidel.

D’Zockerfest ass den Ofschloss vum Ramadan a geet un, wann um leschten Dag vum Faaschtemount d’Sonn ënnergaangen ass. Da versammele sech vill Leit mat Famill a Frënn an der Moschee, fir zesummen ze bieden. Dono gëtt vill gefeiert, dacks esouguer dräi Deeg laang. Dat ganz gäre mat séissem Iessen a Kaddoen. A ville moslemesch gepräägte Länner mussen d’Kanner op dësem Dag net an d’Schoul.
D’Iesse variéiert um Id-ul-Fitr nees no Regioun zu Regioun, ma ganz dacks gehéiert Räis, Poulet a verschidden Zorte vu Gebäck zum Menü dozou. Vill Séisses kënnt och op den Dësch, gäre Mol Dattelen oder Mandelen oder de regiounespezifesch Schneekegkeete wéi ënner anerem Baklava.
Ma net just nom leschten Dag vum Ramadan dierf giess ginn, och, wann d’Sonn net méi ze gesinn ass, dierfen d’Leit iessen an drénken. Et ass Traditioun, datt d’Leit sech zesummen treffen, bieden, iessen an drénken. Si huelen also alles dat no, ob wat si am Dag verzicht hunn.

Och wa mir all de Ramadan als déi Zäit kennen, an där eis moslemesch Matmënschen daagsiwwer op Iessen a Gedrénks verzichten, ass dat just ee klengen Deel vun dësem Mount. Et geet drëm, datt gleeweg Mosleme léieren, ze verzichten a sech selwer ze beherrschen. Weider soll ee sech och mat Leit, mat deenen een zerstridden ass, versönen a sech senge Matmënschen a grad méi aarme Matbierger als gudde Mënsch weisen.
Chūnjié - D’Joer vum Draach: Chineeseschen Neijoerschdag matten am Februar
Hierkonft, Ënnerscheeder an Traditiounen - Esou feiert d’Welt Silvester!Chanukka - Dat jiddescht Liichterfest, fir Zäit mat Famill a Frënn ze verbréngen
Eng vum Kleesche verzielt: Sollen d’Kanner dru gleewen oder d’Elteren éierlech sinn? Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen... De 6. Dezember war Niklosdag! Ma wat stécht dohannert?Véierten Donneschdeg am November: Weltbekannten amerikanesch Traditioun: Wat ass “Thanksgiving”?Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder “Friendsgiving” zesumme mat de Frënnhttps://www.gdcf-mainz-wiesbaden.de/