Ëm 175% ass de Kakaospräis tëscht September 2022 an Ugangs des Joers geklommen. Dat läit un de Recolten, déi staark zréckgaange sinn. Engersäits duerch Wiederphenomener, anerersäits duerch d’Ausbreedung vun enger Planzekrankheet a Westafrika, vu wou iwwer 70% vun de Kakaosboune weltwäit recoltéiert ginn. Ausserdeem verdéngen d’Kakaoproduzenten an dëse Regiounen net genuch, fir an nei Beem ze investéieren - also déi al, méi ufälleg Kakaosbeem ze ersetzen. Am Tricentenaire zu Biissen ginn eng 20 Tonne Schockelaswueren am Joer produzéiert. Ouschteren, nom Kleeschen a Chrëschtdag - ee vun den Héichpunkten am Joer. “Ee Mount am Viraus musse mer dat alles scho preparéieren, well et ass genuch ze maachen an et kommen ëmmer vill Commanden. Et ass beléift... esou kleng Hiesercher”, seet d’Elisabeth Peiffer a géisst de Schockela an d’Huesformen.
Schockelashuesen, Knippercher a soss Schneekereien: eng 12-15 Tonne equitabele Schockela, haaptsächlech aus dem Peru, verschafft den Atelier zu Biissen. D’Präishaussen um Weltmaart spiert een hei nach net all ze vill, erkläert den Direkter vun den Ateliers du Tricentenaire, de Jérôme Colson. “On fait toujours des prévisions d’année en année. Donc on bloque aussi toujours un certain nombre de kilos chez nos fournisseurs. Et donc cela nous a permis de ne pas encore trop sentir la répercussion.”
D’Commandë-Bicher wieren och dës Ouschtere gutt gefëllt, esou datt déi 23 Mataarbechter a Situatioun vun engem Handicap, genuch ze schaffen hätten. Dat wär dat Wichtegst. Elo misst ee kucken, wéi een déi méi héich Präisser deemnächst geréiere géif, fir dat Bescht fir jiddereen erauszezéien De Jérôme Colson seet, et géif ee lo schonn eng Hausse vun 10% vun de Fournisseure spieren. “Donc il va falloir quelque part aussi augmenter nos prix en fonction.”
Och illegal Goldgriewer Deel vum Problem
Iwwer 70% vum Kakao weltwäit kënnt aus Westafrika. Datt d’Recolten hei staark réckleefeg sinn, huet deemno e staarken Impakt op d’Präisser. Am Ghana si gutt 40% vun de Kakaosplantagë vun engem Virus befall. Si bléie manner, droe manner Friichten. Dës Beem sinn op Dauer condamnéiert.
Dernieft verdreiwen illegal Goldgriewer d’Kakaobaueren. Déi, déi hiert Land net oftriede wëllen, gi bedréit oder Deels virun e Fait accompli gesat. De Fifi Boufour vermaart de Kakao aus dem Ghana a schwätzt vun engem groussen Impakt. “Wann een Zuel vu Plantagë kuckt, déi zerstéiert goufen, muss ee soen, datt den Impakt enorm ass. Eis Produktivitéit ass immens betraff.”
“Keng Qualitéit ouni eppes dofir ze bezuelen”
An engem Atelier op der Cloche d’Or stellt een de Schockela zanter enger 10 Joer selwer hier. D’Kakaosboune kafen d’Gebridder direkt bei de Produzenten a Latäinamerika. Fir Qualitéitsbounen ze kréien, hätte si ëmmer scho méi en deiere Präis bezuelt, seet de Pâtissier-Chocolatier Tom Obwerweis.
“Mir mierken awer och, datt de Client an engem gewësse Mooss bereet ass, dee Präis ze bezuelen, well mer eng Qualitéit garantéiere kënnen. A mir wësse genee, wou de Kakao hierkënnt an ech weess och genee, datt mäi Präis, vue datt ech bal keng Intermediairen hunn, bei de Produzenten ukënnt.”
Dat wär an der Industrie net de Fall. Do géif de Präis gedréckt an dofir och manner nei Kakaosbeem ugebaut ginn. Den Tom Oberweis schätzt, datt dëst Joer eng 400.000 Tonne Kakaosboune manner recoltéiert wäerte ginn. Den aktuelle Präis wär och staark spekulativ. Ob hie seng Präisser an den nächste Méint wäert upasse mussen, hänkt vun de Präisvariatiounen of.
“Et kann ee keng Qualitéit kréien, ouni eppes dofir ze bezuelen”, ënnersträicht de Chocolatier. Dat wier awer fir all Liewensmëttel de Fall.