
D'Online-Plattform Ebay hat d'Offer vun der US-Videospillchaîne Gamestop ofgeleent. Et wier "weder glafwierdeg nach attraktiv", esou Ebay en Dënschdeg. De Verwaltungsrot vun Ebay wier iwwerzeegt, "datt d'Entreprise ënnert dem aktuelle Management gutt opgestallt ass, fir weiderhin nohaltege Wuesstem virunzedreiwen, seng Strategie konsequent ëmzesetzen a laangfristege Wäert fir eis Aktionären ze schafen".
Gamestop hat Ufank Mee iwwerraschent eng Offer virgeluecht. Déi däitlech méi kleng Entreprise hat 55,5 Milliarden US-Dollar, also ronn 47 Milliarden Euro, fir Ebay gebueden. De Chef vu Gamestop Ryan Cohen sot dem "Wall Street Journal", hie wéilt eng "richteg Konkurrenz" zum Online-Handel-Gigant Amazon schafen.
Ebay gouf 1995 am Silicon Valley gegrënnt an huet sech zanter den 2000er Joren zu enger fester Gréisst am Online-Handel entwéckelt. Ebay huet awer staark ënnert dem Opstig vun Amazon, dat aktuell weltwäite Leader am Online-Handel ass, gelidden.
Am Joer 2025 huet Ebay en Ëmsaz vun 11,10 Milliarden Dollar generéiert an en Nettogewënn vun 2,3 Milliarden verbucht. Gamestop dogéint huet am Geschäftsjoer 2025, dat bei hinne bis Mäerz geet, en Ëmsaz vun 3,69 Milliarden Dollar an en Nettogewënn vun 418 Milliounen Dollar verbucht.