Offline zocken ass am TrendBrietspiller erliewen och zu Lëtzebuerg e Boom

Cédric Ferry
Och an Zäite vun Online-Gaming entdecken ëmmer méi Leit de Charme vun de Brietspiller.
Offline zocken ass am Trend
Brietspiller erliewen och zu Lëtzebuerg e Boom

Brietspiller leien am Trend, e Bléck op d'Verkafszuele beleet dat. Entreprisen, déi sech op d'Analys vu Mäert spezialiséieren, ginn d'Gréisst vun dësem Marché an Europa fir d'Joer 2025 mat 4,85 Milliarden Dollar un. Bis 2033 soll de Maart vun de Brietspiller an Europa op 7,75 Milliarden Euro wuessen.

Ee vun den dreiwende Motoren hannert dëser Entwécklung ass de Social Gaming. En Hobby, bei deem Leit sech reegelméisseg treffen, fir matenee Brietspiller ze spillen. Sief dat bei engem doheem oder a spezielle "Brietspill-Caféen".

Och zu Lëtzebuerg zocken ëmmer méi Leit, amplaz online, offline zesummen. Eng wichteg Plaz fir d'Gaming-Zeen ass de Café "Bei de Minettsdäpp" zu Esch-Uelzecht. Hei dréit sech alles ëm dat gemeinsaamt Zocken. De Café ass dann och de Siège vu "Social Gaming Luxembourg", enger ASBL, déi sech 2016 mat der Iddi gegrënnt huet, d'Leit zu Lëtzebuerg mam Hobby vun de Brietspiller vertraut ze maachen, respektiv deene Leit, déi sech fir Brietspiller interesséieren, den Astig an den Hobby ze erliichteren. Wéi den Andy Wintringer, Sekretär vu "Social Gaming" erkläert, géif een dat maachen, andeems een de Leit den onbeléiftsten Deel vum Brietspillen ofhëlt, nämlech d'Léiere vun de Reegelen:

"D'Iddi war eeben déi, dass de Café eng Lieu de rencontre ass, wou mer Leit kënnen opfänken a Leit, déi Interesse hunn un deem Brietspillen, dann dat ebe bäibrénge kënnen."

Am Café kommen deemno Leit zesummen, fir Brietspiller mateneen ze spillen, respektiv fir nei Spiller zesummen ze léieren. Mëttlerweil wier et eng Adress, déi sech an der Zeen etabléiert huet an et wier een och gutt besicht, erkläert d'Jaqueline, déi de Café opgemaach huet an och haut nach als Patronne hannert dem Comptoire steet. Si ass selwer begeeschtert Brietspillerin.

D'Jacqueline ass d'Patronne vum Café "Bei de Minettsdäpp".
© Cédric Ferry

Bei Social Gaming erkläert een net nëmme Spiller, et zockt ee se och selwer. Fir den Andy ass et ënner anerem de sozialen Aspekt, also d'Zesummekomme mat anere Leit, deen hien um Hobby interesséiert. Hien huet et sech dann och net huele gelooss, mat dräi Kolleegen eng Partie ze spillen, bei där dann och gutt gelaacht a gegeckst gëtt. D'Spill, dat si spillen, heescht "Ticket to Ride". Hei geet et drëms, Zuchverbindungen tëscht Stied ze bauen. Kléngt einfach. Wieren do net déi aner Spiller, déi engem séier kënnen e Stréch duerch d'Rechnung maachen. Ma fir de Samy, deem seng éischt Partie vum Spill et war, wier eebe grad d'Interaktioun mat den anere Spiller, déi de Charme vum Hobby géing ausmaachen:

"Kloer, et kann een och online mat Leit zesummespillen. Mä ech fanne sur place, wann een d'Leit vis-à-vis huet, dann ass dat nach emol eng ganz aner Dynamik. Do wärend dem Spill, do entstoe Situatiounen, wou een dann de Geck matenee mécht, wou een e bëssen och ënnereneen esou e bësse ka schwätzen. Dat huet säin eegenen Charme."

Wann Dir elo den Interessi un de Brietspiller sollt fir Iech entdeckt hunn, da kënnt Dir jo och mol bei de Minettsdäpp bis laanscht kucke goen. An der Reegel fënnt een hei freides a sonndes "Gamemasteren", déi engem Spiller virschloen, déi fir Ufänger gëeegent sinn an engem och d'Reegelen erklären. Denkt awer drun, Ären Dësch ze reservéieren. Well, wéi scho gesot: Brietspiller boomen, och hei zu Lëtzebuerg.

Hutt Dir och en aussergewéinlechen Hobby a wëllt de Leit dëse virstellen? Iwwert dëse Formulaire kënnt Dir d'RTL-Redaktioun kontaktéieren:

Back to Top
CIM LOGO