
Eréischt viru Kuerzem huet den US-Senat fir e Gesetz gestëmmt, dat Bytedance, de Mammekonzern vun TikTok, dozou verflichte wëll, d’Applikatioun un en amerikaneschen Investisseur ze verkafen.
Nieft de politeschen Interessie vun de Vereenegten Natiounen géigeniwwer China geet et an der Debatt awer och ëm d’Suchtgefor fir Kanner a Jugendlecher. Nieft enger Prozedur, fir de Risk vun der neier App TikTok Lite anzeschätzen, huet d’EU e Verfare lancéiert, an deem gepréift soll ginn, ob Bytedance bei der Standard TikTok-App genuch géint Suchtgeforen an d’Verbreedung vun illegalem Contenu mécht.
Den däitsche Science Media Center, dee Journaliste wëssenschaftlech Expertise liwwert, huet Experten aus de Beräicher vun der Plattformreguléierung a Psychologie no hiren Aschätzunge befrot, “wéi et mat der Reguléierung vun TikTok an der EU weidergoe kéint”.
Kritiséiert gëtt aktuell vill TikTok Lite, eng ofgespeckte Versioun vun TikTok, bei där ee fir bestëmmt Aktivitéiten, wéi sech all Dag aloggen, Videoe kucken a liken, mat “digitale Mënz” belount gëtt, wéi den SMC schreift. D’Mënz kann fir Bongen, Kaddoskaarten ausginn oder engem Content Creator schenken. Och wann et nach net vill Etüden zu TikTok ginn, sinn d’Psychologe sech eens, datt eng gewësse Suchtgefor vun där Funktioun, awer och a Kombinatioun mat anere Funktiounen ausgeet.
Eleng den “endlose Contenu, d’Personaliséierung an déi kuerz, opmierksamkeetsgeneréierend Videoen”, wéi d’Dr. Elisa Wegmann, wëssenschaftlech Mataarbechterin op der Uni Duisburg-Essen d’App beschreift, “kéinten dozou féieren, datt Persoune grondsätzlech méi laang wéi geplangt d’App notzen”. Ma de Belounungssystem géing do awer nach eng Kéier zum “Erliewe vu positiven Emotiounen an der Kompensatioun vu méiglechem Defizit” bäidroen, “wat zu enger suchtaarteger Notzung féiere kann”.
Fir d’Anne-Linda Camerini, Ph.D. vun der Uni zu Lugano, kéint een TikTok och mat Internetspiller vergläichen. “Internetgaming ass dacks mat Challengen, Belounungen a Personal Bests verbonnen, déi Spiller dozou verleeden, ëmmer weiderzemaachen. Wann elo Challengen a Belounungen a Soziale Medien agebaut ginn, wéi zum Beispill TikTok Lite, da kann dës Form vu Gamificatioun zu enger erhéichter Ofhängegkeet bäidroen.” Trotzdeem misst een Etüde maachen, fir genee erauszefannen, “wéi eng Funktioune wéi een Afloss hunn”. “Ech denken, et ass net nëmmen eng Funktioun, mä de Matenaner vu beispillsweis Challengen, Algorithmen a Belounungen (heizou gehéieren och Views a Likes), déi zu enger Ofhängegkeet vun TikTok Lite bäidroe kënnen.”
Virun allem Kanner a Jugendlecher wieren engem méi grousse Risk vun enger Sucht ausgesat, well de “prefrontale Cortex” am Gehier, dee fir d’Selbstkontroll zoustänneg ass, “nach net vollstänneg ausgebilt ass”, betount d’Anne-Linda Camerini. An och déi sozial Strukture spillen der Psychologin no eng grouss Roll bei der Suchtgefor.
Et wier awer och schwéier fir “déi onofhängeg Fuerschung”, d’Verhale vun den TikTok-User z’analyséieren, well d’Wëssenschaftler am Moment “wann iwwerhaapt, nëmme ganz wéineg Accès zu entspriechenden Donnéeë vun der Onlineplattform” hunn, erkläert de Prof. Dr. Christian Montag, Professer fir Molekular Psychologie op der Uni Ulm. “Meng Hoffnung ass, datt den Digital Services Act vun der EU heifir Besserung suergt. Souwuel wat de Jugendschutz betrëfft, wéi och den Zougang zu entspriechenden Donnéeë vun de Plattformen.”
Zu engem komplette Verbuet vun TikTok an der EU wäert et dem Prof. Dr. Matthias Kettemann, vun der Uni Innsbruck no awer wuel net kommen. Falls d’Europäesch Unioun Verstéiss géint verschidde Bestëmmunge vum Digital Services Act (DSA) géing fannen, kéint d’EU ënnert anerem “eng Geldstrof verhänke souwéi aner Sanktiounen, déi vun de Memberstaate selwer bestëmmt ginn”.
“Ze denke wier un e Verbuet vu bestëmmen App-Funktiounen, awer net un e gänzlecht Verbuet vun der App wéi an den USA geplangt.” E Verbuet kéint him no géint d’Meenungsfräiheet (Artikel 11 vun der Charte vun de Grondrechter vun der Europäescher Unioun) an den Artikel 10 vun der EU-Mënscherechtskonventioun verstoussen. Esou en Agrëff an d’Grondrecht wier net einfach ze rechtfäerdeg. “D’Virgoe vum Kongress an den USA géint TikTok ass nëmmen aus bannepolitesche Grënn z’erklären an net rational nozevollzéien”, betount de Prof. Dr. Kettemann.