Eleng an ongefiltert op WhatsappWëssen déi Jonk, wéi si sech am Internet behuele sollen?

Marie Gales
Hate Speech oder Cybermobbing - béides Phenomeener, déi déi negativ Säite vum Internet opweisen. Ma wéi soll ee sech richteg am Netz behuelen?

Rezent war an enger WHO-Etüd ze liesen, datt ronn all sechst Schoulkand am Alter tëscht 11 a 15 Joer 2022 online gemobbt gouf. Besonnesch zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie wier déi virtuell Form vu Gewalt ënnert där Altersgrupp staark geklommen. D’Etüd baséiert op d’Aussoe vun 280.000 Kanner a Jugendlecher a 44 Länner an Europa, Zentralasien a Kanada.

Mä wéi sech richteg behuelen am Netz? Do gëtt et eng Netikett, déi gëllt souwuel fir de User wéi fir d’Bedreiwer vun den Internetsitten, déi dann och d’Posten, d’Kommentaren an de Contenu mussen am A hunn.

Hate Speech: Netikett a Whatsapp-Gruppen

D’Judith Reicherzer aus dem Lycée Aline Mayrisch ass Coordinatrice vu Medieprojeten a si seet, dass déi Jonk haut gutt Bescheed wëssen, wat si op Instagram oder Facebook setzen oder net. Donieft sinn déi Jonk méi virsiichteg ënnerwee an de Soziale Medie wéi Mënschen, déi net mam Internet opgewuess sinn.

“Dass si wierklech, zumindest an der Theorie, ganz gutt Bescheed wëssen, souwuel iwwert déi Netikett, déi et da gëtt. Si wëssen, dass se mussen theoreetesch Reegelen anhalen a si wëssen och, wat ka geschéien, wa se sech falsch verhalen. Ech mengen, dass et wierklech eng ganz grouss Entwécklung gouf déi lescht Joren.”

Déi meescht Jugendlech géingen och net vill vu sech selwer posten, scho guer keng perséinlech Informatiounen. Allerdéngs wieren Teenager éischter a Whatsapp-Gruppen ënnerwee, déi geschlosse sinn a keen Erwuessenen Accès huet.

“Op geschlosse Plattformen, wéi zum Beispill bei WhatsApp, do tausche si sech ënnereneen aus. Dat sinn da Gruppen, wou och keen Erwuessenen Abléck huet. Dat sinn da wierklech Gruppe vu Kolleegen oder och méi grouss Gruppe vu Leit, déi de selwechten Hobby oder Interessi deelen. An do ass et awer esou, dass se da ganz gären déi Reegele vergiessen a virun allem de Probleem Cybermobbing e ganz grousse Probleem ass.”

Och wier hir Manéier, fir un Informatiounen ze kommen, eng ganz aner wéi fréier. Huet ee soss an der Famill zesummen Tëlee gekuckt oder Radio gelauschtert, ass et haut fir si TikTok, eleng mat där Mass un Info.

“Virun allem, wann et Saache sinn, déi si emotional uschwätzen, wann et zum Beispill e kloert Feindbild gëtt, ganz staark emotional Biller, wéi dat fir de Moment bei deene Posts iwwert de Gaza-Konflikt ass, do ass dat e perfekt Mix, fir déi Jonk ze impressionéieren an dat schwätzt si un an dat deele si och. Natierlech net all, awer och een Deel. Da kënnt et dann och wierklech zu geféierlechen Entwécklungen och bei hinnen, bis zur Radikaliséierung.”

Hate Speech: Eleng an ongefiltert

Als Elterendeel weess een dacks guer net, wat engem säi Kand dann esou kuckt a faszinéiert oder och guer net méi schlofe léisst.

“Op deene soziale Medie kurséieren awer eebe vill onkontrolléiert an ongefiltert Informatiounen an dann eeben duerch déi Algorithmen d’Kanner och ëmmer erëm dee selwechte Sujet mat anere Videoen, aner Forme gewise kréien, rutscht een dann eeben och liicht an eng geféierlech Welt ran, wann een net an der Famill oder an der Schoul och d’Méiglechkeet kritt, fir ze diskutéieren, fir iwwer Saachen ze schwätzen an eeben och déi Mechanismen léiert.”

Et geet guer net drëms, fir den Internet ze verdäiwelen. Ma et ass awer wichteg, den Internet a seng Mechanissem ze verstoen, esouwuel jonk Leit wéi och déi Erwuessen. Nieft der Opklärung iwwer Cybermobbing a seng Konsequenzen, missten och d’Onlineservicer besser reguléiert ginn, fir de Phenomeen ze reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO