
5% vun de Befroten hunn ausserdeem uginn, datt si dëst reegelméisseg géinge maachen. Am meeschte betraff, ass der Ëmfro no mat 53% den Handy vu Kolleeginnen a Kolleegen. Am Handy vu Familljemembere gëtt mat 33% am zweetmeeschte geschnoffelt an op der drëtter Plaz befënnt sech den Handy vun der Partnerin oder dem Partner.
En vue vun dëse Resultater huet Bitkom d’Leit dozou opgeruff, onbedéngt eng Zougangs-Spär um eegenen Handy ze installéieren.