Kënschtlech Intelligenz, kuerz och nach K.I. genannt, hëlt ëmmer méi Plaz an eisem Alldag an.

Sief et als digitale perséinlechen Assistent, deen engem Texter schreift oder an e puer Sekonne ganz Passagë vun enger Sprooch an déi aner kann iwwersetzen. Zanterdeem et "Chat GPT" gëtt, ass d'K.I. en Thema bei jidderengem ginn. Ma domadder kann een awer nach vill méi maachen. E Grupp vu jonken Entwéckler huet elo "LETZ AI" op de Maart bruecht, déi éischt Lëtzebuergesch Kënschtlech Intelligenz.

Baséiert zum Beispill Chat GPT op engem Sproochemodell, sou geet et bei LETZ AI ëm Biller, déi ee mat Hëllef vun hirer Plattform generéiere kann. Dofir muss een de K.I. awer trainéieren. Et kann een zum Beispill vun ëffentleche Persounen, mee och vu sech selwer oder einfache Saache Biller innerhalb vu Sekonnen opruffen. Ma dofir muss am Hannergrond d'K.I. mat honnerte Fotoe gefiddert ginn. Dat mécht d'Ekipp ronderëm de Misch Strotz, ma awer och privat Leit kënne sech fir 99 Euro e User uleeën a selwer domadder e K.I.-Modell trainéieren a Biller generéieren.

Tippt een zum Beispill "Superjhemp" an "Op der Plage", sou kritt ee genee esou eng Foto. Et wier e flotten Tool, deen net nëmme fir de Spaass gebraucht ka ginn, ma vill méi kéint dat och Entreprisen an Zukunft hëllefen, seet ee vun de Matgrënner, de Misch Strotz.

"Dat heiten ersetzt net d'Foto, mee ass e Complementaire zur Foto. Dat erlaabt dir, privat oder als Firma, wann s du e Produit hues, fir Contenu ze erstellen, dee virdrun einfach guer net denkbar gewiescht wier. E klassescht Beispill ass: Du wëlls eng Foto vun enger Gedrénksmark op der Plage, ma mir hunn zu Lëtzebuerg keng Plage, fir sou eng Foto ze maachen. Also wat maache mer, ma mir benotzen esou ee System."

Ma och mat bekannte Perséinlechkeete gëtt dacks mat esou Fotoe gespillt. Dat bréngt natierlech och Gefore mat sech, sou de Professer Dr. Christophe Schommer. Ma kënschtlech Intelligenz wier awer eppes, wat net méi aus eisem Alldag ewechzedenke wier. Dobäi misst dat awer näischt Schlechtes heeschen, et misst ee just d'Gesellschaft nach méi opklären, fir kritesch ze iwwerleeën.

"Die Gefahren bleiben, aber das hat man überall im Leben. Und ich denke, dass es wirklich wichtig ass, dass die Leute sich selber überlegen, wie kann ich selbst darauf einwirken. Wie kann ich selbst erkenne, dass etwas Gut oder Schlecht ist? Gefährlich oder nicht? Es ist, glaube ich, auch déi Aufgabe der Elteren zu sagen: „Hey mäin Kind, jetzt höre mal zu oder pass mal auf. Das ist ein Fake, das ist nicht gut.“ Das reine Konsumieren wird schief gehen."

Där Problematik wier ee sech och bewosst bei LETZ AI. Ma fir si wier dat heiten awer en Outil, fir och Lëtzebuerger Ikonen an Traditiounen ze valoriséieren. An dofir moderéieren a kontrolléiere si och am Hannergrond d'Fotoen, déi vun de User generéiert ginn.