1995 gouf en an den All geschéckt a bis 2011 huet den ERS-2 Donnéeën iwwer eise Planéit an de Klimawandel geliwwert.

De Satellit ERS-2 vun der Europäescher Weltraumagence war knapp 29 Joer am Weltall, vun deenen e 16 Joer laang iwwer eise Planéit gefuerscht an Donnéeën iwwer de Klimawandel fir Dausende wëssenschaftlech Publikatioune geliwwert huet.

Nodeems d'ESA de Satellit 2011 ofgeschalt an de Prozess vum "Deorbiting" ageleet huet, sollt den ERS-2 e Mëttwoch géint 18.05 Auer nees an d'Äerdëmlafbunn antrieden. De gréissten Deel vun de Stécker vum Satellit wäerte verglousen, ma trotzdeem kéinte bis zu iwwer 50 Kilogramm schwéier Debrisen op der Äerduewerfläch aschloen.

Kuerz virun 19 Auer hat d'ESA matgedeelt, datt d'Zäitfënster, an deem de Satellit sollt zréck an d'Äerdatmosphär trieden, eriwwer wier. Géint 21 Auer koum dunn d'Confirmatioun, datt den ERS-2 um 18.17 Auer an d'Äerdatmosphär agetrueden ass. Dat Ganzt war iwwert dem Nordpazifik tëscht Alaska an Hawaii.

Aktuell ginn et nach keng Informatiounen doriwwer, ob effektiv Deeler vum Satellit op der Äerduewerfläch ageschloe sinn.

Am Asaz fir d'Erfuerschung vun eisem Planéit

Als Successeur vum ERS-1 ass den ESA-Satellit "European Remote Sensing 2" 1995 op seng Missioun an de Weltall gestart. Mat modernster Technik, fir d'Temperatur vun der Uewerfläch oder vum Wand ze moossen, war den ERS-2 zum Zäitpunkt vu sengem Start ee vun de modernsten Äerdiwwerwaachungssatellitten, déi bis dohin entwéckelt goufen. Déi verschidden Technologië waren iwwerdeem d'Basis fir spéider Missioune wéi d'Envisat-Missioun, d'MetOp-Wiedersatellitten oder och d'Copernicus Sentinels.

16 Joer laang huet den ERS-2 de Réckgang vum Äis an de Polargebidder gemooss an iwwerwaacht, wéi sech d'Uewerfläche vun der Äerd veränneren, d'Mieresspigele klammen an d'Ozeaner méi waarm ginn. Wéi d'ESA selwer schreift, hätten d'ERS-Missiounen "eis Siicht op de Planéit d'Verständnis vum Klimawandel revolutionéiert". D'Donnéeë vun de Satellitten hätten de Wëssenschaftler "d'Donnéeë geliwwert, déi eis gehollef hunn, d'Auswierkunge vum Mënsch op eise Planéit ze verstoen". Och fir d'Iwwerwaachung vun Naturkatastrophe wéi Iwwerschwemmungen an Äerdbiewe koumen d'ERS-Satellitten an den Asaz. Och an Zukunft wäerten d'Donnéeë vun den ERS-Satellitten de Fuerscher weider Erkenntnisser iwwer eise Planéit an de Risken, deene mir ausgesat sinn, bréngen.

D'Enn vun enger "Erfollegsgeschicht"

2011, no 16 Joer Aarbecht, huet d'Europäesch Weltraumautoritéit decidéiert, den ERS-2 an d'Pensioun ze schécken. De Satellit war zwar nach funktiounsfäeg, ma huet awer "Altersschwächen" gewisen. Den ERS-2 konnt nëmmen nach déi Donnéeë schécken, déi en an deem Moment opgeholl huet, andeem en iwwer engem Empfänger um Buedem war. Donieft sollen och d'Sensoren, fir de Satellit auszeriichten, net méi richteg funktionéiert hunn. Trotzdeem géing d'ESA den "ERS-2 als Erfollegsgeschicht, net als Problem" gesinn, wéi den Holger Krag, Chef vum Departement fir Raumfaartsécherheet bei der ESA dem Spiegel géigeniwwer betount huet.

No enger leschter Schwaarz-Wäiss-Foto iwwer Roum gouf den ERS-2 no genee 5981 Deeg am Asaz ofgeschalt an domat de Prozess vum "Deorbiting" lancéiert. Dofir gouf den Tank eidel gemaach, d'Verbindungen zu de Batterië getrennt an d'Funktioun, ze senden, ofgeschalt. Fir de Risk vu Kollisioune mat anere Fluchkierper ze reduzéieren, gouf ausserdeem d'Fluchhéicht vum Satellit vu 785 op 573 Kilometer erofgesat. Doriwwer eraus wier de Satellit ouni dëse Manöver Schätzunge vun der ESA no nach eng 100 bis 200 Joer am Weltall bliwwen.

Am Februar 2024 zréck an d'Äerdatmosphär

RTL

© Image by  ESA

Nodeems den ausgeschalten ERS-2 elo 13 Joer a senger Ëmlafbunn virun allem duerch d'Sonnenaktivitéit verfall ass, wäert de Satellit dës Woch "op natierlech Aart a Weis", wéi d'ESA schreift, "zréck an d'Äerdatmosphär antrieden". Leschte Schätzungen no wäert dëst e Mëttwoch géint 18.05 Auer geschéien. Duerch de Sonnewand, deen déi baussenzegst Schichte vun eiser Atmosphär beaflosst, an domat bestëmmt, wéi staark de Satellit ofgebremst gëtt, ass de geneeën Zäitpunkt allerdéngs schwéier ze bestëmmen.

Och wann de Gros vun de Stécker vum ERS-2 verglouse wäert, kënnen Deeler, déi bis zu iwwer 50 Kilogramm schwéier sinn, d'Äerd erreechen. De Risk, datt d'Stécker op der Äerd aschloen, wier der Europäesch Weltraumagence allerdéngs "ganz kleng a geografesch verdeelt". Den ESA- Büro fir Weltraumschrott hält de Verlaf vun der Ëmlafbunn awer genee am Bléck.