Experte warne virun engem Sécherheetschaos. Millioune Computere brauchen en Update, eng Aktualiséierung vum Betribssystem.

Betraff ass Windows 10 vu Microsoft, also dee System, dee mat am meeschte genotzt gëtt. Ma, vun Oktober u ginn et keng Update méi, dat heescht, och keng méi fir d'Sécherheet. An ouni déi, kann et ganz geféierlech ginn.

Zanter 15 Joer hëlleft den Informatiker  Patrick Villar Meneses senger Clientèle bei technesche Froen. De Support Enn vun Windows 10 am Oktober dëst Joer gëtt och hei en ëmmer méi grousst Thema.

“Et gëllt net direkt Panik ze maachen. Alles wäert nach weider fonctionéieren. Mee dat heescht, datt nom 14. Oktober keng Updatë méi fir dee Betribssystem kommen. Wa keng Updatë méi kommen, da geet d’Sécherheet ronderëm de Rechner erof. Och eng Rei Programmer wäerten dann – lues a lues – net méi fonctionéieren. Zum Beispill Internet-Browseren ewéi de Chrome oder de Firefox. Bis, datt et esou wäit ass, kënnen awer no Oktober nach e puer Méint, respektiv Jore vergoen.”

Wat sech fir muncher een harmlos ukléngt, bréngt awer - mëttelfristeg – Hacking-Risike mat sech.

“Et huet ee mol Werbungen op Internetsitten, déi beim Uklicken an duerno Eroflueden eppes um Computer hannerloosse kënnen. Virussen. Déi kënnen dem Windows 10 da méi Problemer maachen.”

Computer-Betribssystemer, ewéi och déi vu Microsoft, hunn eng begrenzte Liewensdauer. Derzou den Tim Morizet, RTL Journalist:

“Dat läit dorunner, datt d’Technologie sech dauernd weiderentwéckelt – méi al Versioune sinn – iergendwann – net méi kompatibel mat den neie Sécherheetsufuerderungen, respektiv der Hardware am Computer oder Laptop dran. Reegelméisseg maachen Updatë Sécherheetslächer zou, déi en Ugräifer notze kéint, fir Cyberattacken oder e Virus ze installéieren. De Windows 10 koum 2015 op de Marché – schonn deemools war kloer: De Support ass op 10 Joer- bis de 14. Oktober vun dësem Joer - begrenzt.”

Op verschiddene Geräter kann een einfach de Windows 11 noinstalléieren. Ma bei Rechner, déi virun 2020 gebaut goufen, kéint et zu Problemer kommen. Hei kann en Informatiker eng Manipulatioun duerchféieren. Soss soll een de Computer ganz ersetzen oder – méi bëlleg – just zwee prezis Stécker.

De Patrick Villar Meneses, Informatiker:

“Wann een un d’Hardware vum Computer wëll drugoen. Da muss ee just de Prozessor an de Mainboard ersetzen. Do gi keng Donnéeën näischt verluer. An dat kascht generell tëscht 300 a 500 Euro.”

Elleng an Däitschland sinn nach 32 Millioune Computer mam Betribssystem am Ëmlaf. Och zu Lëtzebuerg sinn et eng ganz Rëtsch – et gëllt sech also – bis Enn dës Joers Gedanken ze maachen, wéi ee weiderfiert.