
Eleng fir 2023 huet Amazon méi wéi eng Milliard Euro an d’Land investéiert, sou datt d’Investissementer zu Lëtzebuerg zanter 2010 op iwwer 9 Milliarden Euro bruecht géinge ginn.
D’Investitioune vun Amazon am Joer 2023 hätten indirekt zu méi wéi 6.000 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg bäigedroen, dat a Secteuren esou variéiert wéi Bau, Logistik a Geschäftsservicer, no Schätzunge vun der onofhängeger Berodung Keystone Strategy.