
An hirem preliminären Avis schreift d’Kommissioun, datt App-Entwéckler net genuch Méiglechkeete kréien, fir potentiell Clientë vum App-Store op alternativ Plattformen z’orientéieren.
Apple kann elo an den Dossier vun der Kommissioun kucken an Argumenter fir seng Defense bréngen. Theoretesch riskéiert den US-Technologie-Gigant eng Strof vu bis zu 10 Prozent vu sengem Ëmsaz. D’lescht Joer louch dee bei 383 Milliarden US-Dollar. Eng definitiv Decisioun vun der EU-Kommissioun gëtt sech fir Mäerz d’nächst Joer erwaart.