Bei Meta gëtt et e ChangementBei Facebook an Instagram gëtt an Zukunft näischt méi iwwerpréift
D'Faktenchecker, déi et zënter 2016 gouf, ginn ofgeschaaft. Hir Aufgab war et ze préiwen, ob de Contenu wouer ass.
Verëffentlecht: 07.01.25 16:08, Update: 07.01.25 16:15
Dat huet de Meta-Chef Mark Zuckerberg annoncéiert. Domat passt ee sech der Plattform X vum Elon Musk un.
Och bei Meta gi lo sougenannt "Community Notes" agefouert. Notzer solle falsch Aussoe markéieren an an der Plaz richteg Informatioune liwweren.