Nächste MëttwochDeel vu Rakéit vu SpaceX schléit ongewollt um Mound an

RTL Lëtzebuerg
Den Aschlag gëtt mat enger Vitess vu ronn 8.700 Kilometer an der Stonn erwaart a soll e Krater vun ongeféier 27 Meter Duerchmiesser hannerloossen.
Symbolfoto
© AFP

Wëssenschaftler wëllen alles genee observéieren, well et hëllefe kann, d'Auswierkunge vu Weltraumschrott op zukünfteg Moundmissioune besser ze verstoen. Ënner anerem wäerten d'Sonden Lunar Reconnaissance Orbiter vun der NASA an déi südkoreanesch Danuri Fotoe virun an nom Aschlag maachen.

D'Rakéitestuf hat am Januar 2025 zwou privat Moundsonden an de Weltraum bruecht.

De Virfall weist no Experten och op déi ëmmer méi grouss Erausfuerderung duerch Weltraumschrott hin, well ëmmer méi Objeten am All ënnerwee sinn.

Back to Top
CIM LOGO