NASA"Curiosity" huet aussergewéinlech Polygon-Landschaft um Mars entdeckt

RTL Lëtzebuerg
Den NASA-Rover Curiosity huet am Juni 2026 eng aussergewéinlech Fläch um Mars fotograféiert, déi mat Honnerte vu klenge polygonale Strukturen bedeckt ass. Sou vill vun dëse Formatiounen op enger Plaz hat de Rover bis elo nach ni observéiert.
© Nasa

D'Polygonen hu ronn 5 bis 10 Zentimeter Duerchmiesser a leie ronderëm e mat Sand bedeckte Fiels, dee vun de Fuerscher "Miraflores" gedeeft gouf.

Sou Strukture kënnen duerch verschidde Prozesser entstoen, zum Beispill duerch d'Ausdréchnen um Buedem, staark Temperaturschwankungen oder Verännerunge vun de Mineralien. D'Wëssenschaftler analyséieren elo hir Form a Gréisst fir erauszefannen, wéi se genee entstane sinn.

D'360-Grad-Panorama besteet aus 340 eenzelne Fotoen, déi vum Mastcam-System op Curiosity opgeholl an op der Äerd zesummegesat goufen.

© Nasa

De Rover ass zanter 2014 um Opstig vum Mount Sharp, engem ronn fënnef Kilometer héije Bierg a sicht no Spuere vun der geologescher Vergaangenheet vum Mars.

Back to Top
CIM LOGO