
Déi lescht zwee Joer iwwer waren et pandemie-bedingt vill méi kleng Editiounen. Dëst Joer si méi wéi 3.000 Exposanten aus 173 Länner derbäi. Wärend déi grouss Tech-Firme virun allem hir nei Produiten zu enger méi vernetzter Welt wäerte virstellen, dominéiert bei der Autosindustrie natierlech d’Elektromobilitéit an dat autonoomt Fueren.
Kënschtlech Intelligenz an déi virtuell Realitéit spillen dann och eng wichteg Roll zu Vegas, wou d’CES bis e Sonndeg dauert.