
Joer fir Joer gëtt sech ënner Technik-Frënn op dësen Event am September gefreet, wann Apple hir neiste Produite virstellt.
Dës Kéier stoung den iPhone 15 am Mëttelpunkt vun der Veranstaltung. Wat awer d’Apple-User nach méi intresséieren dierft ass de Fait, dass beim iPhone 15 an Zukunft net méi den Hauseegene “Lightning-Stecker” an den Asaz kënnt, ma dass een op d’EU-Virgab reagéiert an och hei en USB-C Uschloss verbaut, grad ewéi all déi aner Handy-Hiersteller. Et soll just nach een eenheetleche Chargeur-System ginn, fir dass esou ee Chargeur fir e sëllegen Apparater ka genotzt ginn. Laang hst Apple sech dogéint gewiert, ma elo huet den Tech-Gigant aus den USA kleng bäi ginn.
Traditionell gëtt an der September-Editioun vum Keynote och déi neiste Generatioun vun der Apple Watch virgestallt. Och ëm verännert Airpods goung et dës Kéier.