Zesumme mat mënschleche LeeferDosenden humanoid Robotere sinn zu Peking en Hallefmarathon gelaf

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war zu Peking e méi aussergewéinlechen Hallefmarathon. Nieft Participanten aus Fleesch a Blutt waren och Roboteren dobäi.
© AFP

20 Ekippen aus Entwéckler zesumme mat zweebeenege Roboteren, déi tëscht 75 an 180 Zentimeter grouss a bis zu 88 Kilogramm schwéier sinn, hu beim Concours matgemaach.

Vun de Robotere sinn der e puer eegestänneg gelaf, anerer goufe vun Ingenieure gesteiert, déi nieft hinne gelaf sinn. Gelaf gouf op separate Bunnen an dat op ronn 21 Kilometer matten duerch de Pekinger Quartier E-Town, de Site fir sëllege staatlech ënnerstëtzten High-Tech-Firmen.

Reng zum Spaass war dëse Marathon allerdéngs net. D’Zil vum Evenement war et, d’Leeschtung an d’Zouverlässegkeet vun de Roboteren ze testen. Bei dësem Concours goung et och manner ëm Vitesse, mä méi dorëm, an d’Zil ze kommen.

China als zweetgréisst Vollekswirtschaft vun der Welt huet an de Beräicher Robotik a Kënschtlech Intelligenz eng féierend Positioun.

Un semi-marathon ...de robots humanoïdes
Foulée (mécanique) après foulée, des dizaines de robots humanoïdes ont couru samedi à Pékin le premier semi-marathon au monde à leur être dédié.

Back to Top
CIM LOGO