Zu Peking sinn e Mëttwoch déi zweeten "World Humanoid Robot Games" op en Enn gaangen. Fir den Ofschloss ass de Weltrekord iwwer 100 Meter nach emol gebrach ginn a läit elo bei 8.64 Sekonnen. Am fënnef Deeg laangen Event waren an de Virleef 9.39 Sekonnen an 8.85 Sekonnen erreecht ginn.
Méi wéi 2.000 Robotere vu gutt 600 verschiddenen Ekippen aus 16 Länner hu sech an 51 verschiddenen Disziplinne gemooss. Nieft Liichtathletik stoungen ënnert anerem och nach Futtball, Turnen, Gewiichthiewen, Boxen an Danzen um Programm.