
Wéi Delano schreift, hätt Payconiq um Enn vum Joer 2022 Verloschter vun insgesamt 93 Milliounen € opweises gehat.
Beim Keefer, der European Payments Initiative (EPI), handelt et sech ëm e Konglomerat aus 14 europäesche Banken an zwou Technologie-Firmen. D’Technologie, déi hannert Payconiq stécht, soll an der EPI hiren eegene Service, fir digital ze bezuelen, mam Numm “Wero” integréiert ginn.
2 (BNP Paribas an ING) vun de 5 Lëtzebuerger Banken, déi den Ament Payconiq ubidden, sinn iwwerdeems Member vun der EPI.*
*An enger éischter Versioun vum Artikel hat et geheescht, datt keng vun de 5 Lëtzebuerger Banke Member vun der EPI wier.