Nom Hallefmarathon elo DëschtennisE Roboter, dee séier denkt an nach méi séier spillt

AFP, iwwersat vun RTL
Sony huet en neie Roboter entwéckelt, deen Dëschtennisspiller nawell béis fuerdert.
Sony huet en neie Roboter presentéiert, dee seng Stäerkten am Dëschtennis huet
Et ass e weidere Schrëtt an der Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz.

Fuerscher vu Sony hunn e Roboter gebaut, deen nawell ganz gutt Dëschtennis spille kann – esou gutt, datt en esouguer géint ganz erfuere Spiller gewanne kann. De Roboter heescht "Ace" a spillt mat enger richteger Dëschtennis‑Rackett.

Bei Tester huet den "Ace" géint Top‑Amateure gespillt, déi scho vill Joren trainéieren. Do huet de Roboter dräi vu fënnef Matcher gewonnen. Géint richteg Profie war et méi schwéier, mee och do gouf et enk Matcher. Zanter deenen éischten Tester am Abrëll zejoert ass de Roboter esouguer nach besser ginn.

Dat Besonnescht un "Ace" ass, datt en extrem séier gesäit, wou de Ball hikënnt, direkt decidéiert, wat e maache soll, an de Ball mat vill Kraaft a Präzisioun zréckspillt. Dat alles an engem Ament.

Bis elo konnten aner Roboter zwar e bësse matspillen, mee net op esou engem héijen Niveau. Sony seet, datt dëse Projet weist, wéi wäit d'kënschtlech Intelligenz schonn ass – a datt esou Systemer an Zukunft och an anere Beräicher kéinten hëllefen, wou séier Reaktiounen an Zesummenaarbecht mam Mënsch wichteg sinn.

Back to Top
CIM LOGO