Mëssgeschéck vu Bezos-FirmaSatellit op falscher Ëmlafbunn ausgesat

Tom Nols
Dem Amazon-Grënner Jeff Bezos seng Raumfaartfirma Blue Origin huet e Satellit op enger ze niddreger Ëmlafbunn ausgesat. Do ass de Betrib net méiglech, sou datt de Satellit wäert ofstierze gelooss ginn.
Den erfollegräichen Depart vun der "New Glenn" Rakéit
Den erfollegräichen Depart vun der “New Glenn” Rakéit
© MAURICIO PAIZ/NurPhoto via AFP

Beim drëtte Start vun hirer Rakéit “New Glenn”, déi grouss Laaschten droe kann, ass dem Jeff Bezos senger Firma Blue Origin e Mëssgeschéck passéiert. E Satellit, dee se ausgesat hunn, ass op eng ze niddreg Ëmlafbunn gesat ginn. Do kann en awer net funktionéieren an de Betrib aus eegenem Undriff oprecht erhalen, sou datt e verluer ass a wäert ofstierze gelooss ginn. De Satellit “Bluebird 7" sollt Deel vun engem weltraumgestëtzte Mobilfunknetz sinn, änlech dem Projet “Leo” vun Amazon oder “Starlink” vu SpaceX.

D’Missioun kann trotzdeem als Erfolleg verbucht ginn. Blue Origin ass et déi éischte Kéier gelongen, den Undriff vun hirer Rakéit “New Glenn” erfollegräich op d’Äerd zréckzebréngen. D’Landung vun der éischter Stuf war e wichtege Schratt, fir ze beweisen, datt de System erëm benotzt ka ginn a mat der “Falcon 9" Rakéit vu SpaceX konkurréiere kann. E Sonndeg war d’Rakéit zu Cape Canaveral a Florida gestart an den Elon Musk hat dem Bezos souguer op X fir den Depart gratuléiert.

De Start ass e weidert Kapitel am Duell tëscht dem Jeff Bezos mat Blue Origin an dem Elon Musk mat SpaceX. Béid Entreprisen entwéckele fir d’NASA Fären, déi um Mound solle kënne landen. Déi US-amerikanesch Agence fir Raumfaart wëllt virun enger bemannter Missioun aus China, déi fir 2030 geplangt ass. erëm Mënschen op de Mound an heem bréngen. “New Glenn” ass méi grouss a fir méi schwéier Notzlaaschten ausgeluecht. Doduerch erhofft sech Blue Origin e Virdeel um Marché vun de kommerzielle Satellitten.

Back to Top
CIM LOGO