
Booking.com huet seng Clientë gewarnt, dass Donnéeë vu Buchunge vun enger grousser Partie vun hire Konte gehackt goufen. Et hätt een, esou Booking.com, och hei Mesuren ergraff. Ënnert anerem gouf de PIN-Code fir Reservéierungen geupdate. Et gëtt dann och virun zukünftege Phishing-Versich gewarnt. Et géif een nimools iwwert E-Mail, Telefon, SMS oder WhatsApp no Informatiounen zu enger Kreditkaart froen, dat verséchert de Betrib an enger Mail u seng Clienten.
Och Opfuerderunge fir ze bezuelen, déi a sech näischt mat der initialer Buchung ze dinn hunn, géif et net ginn. Clienten, déi an Zukunft eng presuméiert Booking.com-Mail kréien, sollen oppassen, iert se e Link opmaachen, heescht et weider.
Betraff war och d'Fitness-Mark Basic-Fit, déi ronn 5 Millioune Clienten a sechs europäesche Länner huet, dorënner och zu Lëtzebuerg. Hei soll den Dateklau séier opgeflu sinn an et goufen direkt Mesuren ergraff. Och wa séier gehandelt gouf, konnten d'Hacker awer ronn eng Millioun Donnéeë vu Clienten eroflueden. Wéi vill Lëtzebuerger dovunner betraff sinn, respektiv Leit aus anere Länner, konnt net am Detail genannt ginn.