Start-Up mat Sëtz zu LëtzebuergClearSpace: Eng Missioun, fir de Weltall ze botzen 

Lea Schwartz
De Weltraum gëtt ëmmer méi voll, net nëmme mat aktive Satellitten, mee och mat geféierlechem Schrott. Eng Start-Up wëll dat änneren.
Screenshot ClearSpace
© Screenshot

D’Start-Up ClearSpace ass 2018 an der Schwäiz gegrënnt ginn an huet hire Sëtz zu Lëtzebuerg. Si hunn eng Aart Depanneuse entwéckelt, déi Satellitten, déi net méi fonctionéieren, aus der Ëmlafbunn huele soll.

Op de Biller, déi si hiergestallt hunn, fir de Projet ze erklären, gesäit ee wéi de Weltraumschrott mat enger Zort Gräifaarm agefaange gëtt. Duerno ginn et e puer Optiounen, wéi de CEO Luc Piguet erkläert:

“Wanns du den Objet hues, kanns du e beweegen. Zum Beispill kanns du den Objet bremsen an en an d’Atmosphäre vun der Äerd bréngen, wou e vergloust. Oder du stéiss en aus der Ëmlafbunn eraus.”

Déi meescht Satellitten an dee meeschte Weltraumschrott kreesen op der selwechter Ëmlafbunn an enger Héicht vun 200 bis 2.000 Kilometer. Do ass d’Gefor fir eng Kollisioun méi héich. “An all dës Objete sinn e Risiko fir d’Satellitten, déi nach operationell sinn an eng Gefor fir d’Astronauten”, esou de Luc Piguet.

Ëmmer méi Weltraumschrott?

De Grond, firwat et esou vill Weltraumschrott gëtt, ass d’Unzuel u Satellitten allgemeng. Déi ass zanter 2019 staark geklommen. Waren et an den Ufank 2000er Joren eppes ëm 150 Satellitten d’Joer, esou sinn 20 Joer méi spéit, am Joer 2025 schonn 3.500 Satellitten an d’Ëmlafbunn geschoss ginn.

Satellitte gi gebraucht fir d’Navigatioun, d’Kommunikatioun an d’Wiederprevisiounen. Den Haaptacteur, deen aktuell déi meeschte Satellitten an d’Ëmlafbunn bréngt, ass SpaceX. Dem Elon Musk seng Firma wëll mam Starlink-Projet eng grouss Konstellatioun u Satellitten opbauen, fir weltwäit séieren Internet unzebidden. Déi éischt Satellitten hu si 2019 op Orbit bruecht.

Zuel u Satelitten am All.
Zuel u Satelitten am All.
© RTL Grafik

E weidere Grond ass, dass duerch all Kollisioun weidere Weltraumschrott entsteet. Wann zwee Objeten openeen treffen, zersprange si a lauter méi kleng Deeler. Den IADC (Inter-Agency Space Debris Coordination Committee) schätzt, dass eng 34.000 Objeten, déi méi grouss wéi 10 Zentimeter sinn an der Ëmlafbunn kreesen. Bis zu 1 Millioun Stécker, déi méi kleng wéi 10 Zentimeter sinn a souguer 128 Millioune Stécker, déi méi kleng wéi 1 Zentimeter sinn. Den Inter-Agency Space Debris Coordination Committee geet dovunner aus, dass och wa keng nei Satellitte géife starten, de Schrott nach vill Joer weider géif zouhuelen.

Wat gëtt géint de Weltraumschrott gemaach?

Et ginn och präventiv Mesüre fir ze verhënneren, dass ze vill Weltraumschrott entsteet. Zanter 2002 gëtt et zum Beispill Bestëmmunge, wéi Missioune musse geplangt ginn a Satellitte musse konstruéiert ginn, fir dass esou wéineg wéi méiglech Schrott iwwerhaapt entsteet. Objeten, déi net méi gebraucht ginn, sollen zum Beispill an der Atmosphär verglousen oder aus der Ëmlafbunn raus dirigéiert ginn. Dobäi gëtt d’Entstoe vu Schrott miniméiert, awer net komplett verhënnert.

Woubäi et aktuell nach net vill Informatiounen doriwwer ginn, wéi schiedlech dee Prozess vum Verglouse fir eis Ëmwelt op der Äerd ass. Ee Rapport vun der Nasa vun 2023 weist dorop hin, dass beim Verglouse vu Weltraumobjeten an der Äerdatmosphär schiedlech chemesch Reaktioune katalyséiert kënne ginn. Zousätzlech lagere sech beim Verdämpe vun de Materialie Stoffer an der ieweschter Atmosphär of, déi negativ Auswierkungen op d’Ozonschicht kënnen hunn.

Et gëtt och dru geschafft, fir Weeër ze fanne fir de Schrott, deen et scho gëtt, lasszeginn. Fuerschungsprojete wéi den EU-Projet ALBATOR, dee Stécker mat engem Plasmastral aus der Ëmlafbunn raus an den Orbit schéckt oder zum Verglouse bréngt.

An och déi nächst Joer solle Missioune geflu ginn, déi ausgedéngte Satellitten aus dem Verkéier zéien. Schonn 2026/27 ass déi nächst Missioun ELSA-M geplangt , déi sech ëm een OneWeb Satellitte soll këmmeren. An d’Clearspace-1 Missioun vum Weltraum-Start-Up mat Sëtz zu Lëtzebuerg soll 2028 an Optrag vun der Europäescher Weltraumagence ee Proba-1 Satelitte aus dem Verkéier zéien.

Parallel schaffe si och dorunner, fir Weeër ze fannen Objeten am Orbit ze flécken oder nei ze tanken. Esou kann d’Liewensdauer verlängert ginn.

Back to Top
CIM LOGO