
Bei engem Hallefmarathon a China huet en humanoide Roboter all Leefer aus Fleesch a Blutt hannert sech gelooss a souguer den aktuelle Weltrekord vun engem Mënsch kloer gebrach. De Roboter vum chineeseschen Hiersteller Honor huet déi ronn 21 Kilometer e Sonndeg zu Peking a 50 Minutten a 26 Sekonnen zréckgeluecht. Hien hat deemno eng Duerchschnëttsvitess vu ronn 25 Stonnekilometer.
De Roboter, dee mat engem Navi ekipéiert ass, huet domat net nëmme géint all aner Roboteren a mënschlech Leefer, déi beim Hallefmarathon matgelaf sinn, gewonnen. Hien huet och däitlech den ugandesche Leefer Jacob Kiplimo, deen den Hallefmarathon-Weltrekord vu 57 Minutten an 20 Sekonnen opgestallt hat, iwwertraff.
D’Spectateuren hunn e Sonndeg mat Faszinatioun den Hallefmarathon suivéiert, bei deem Roboteren a mënschlech Leefer a getrennte Bunne gelaf sinn, fir Kollisiounen ze vermeiden. Wärend verschidde Robotere ganz relax ee Kilometer no deem aneren zréckgeluecht hunn, hunn d’Leeschtunge vun anere Roboteren nach ausbaufäeg gewierkt.
Am Verglach zum Hallefmarathon vum Joer virdrun war d’Entwécklung awer grouss. Deemools ware Lafroboteren ëmmer nees ëmgefall. Dee séiersten hat méi wéi zwou Stonnen a 40 Minutte gebrauch. Den Organisateuren no huet och d’Zuel vun de Robotere staark zougeholl. Vu ronn 20 zejoert op méi wéi 100 an dësem Joer.
Eng Spectatrice sot der Noriichtenagence AFP géigeniwwer, datt de Roboter-Hallefmarathon “zimmlech cool” wier. Gläichzäiteg géingen d’Fäegkeete vun de Roboteren der Studentin Suerge maachen. “Als een, dee schafft, fir säi Liewensënnerhalt ze verdéngen, maachen ech mir heiansdo e bësse Suergen”, sot si. “D’Technologie schéngt esou séier virunzegoen, datt se och op d’Aarbechte vun de Mënschen Auswierkunge kéint hunn.”