
D’Schëff ass vun Hyundai a Südkorea gebaut ginn a gouf vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen um Donneschdeg gedeeft ginn.

Maersk ass déi zweetgréisst Reederei vun der Welt an huet nach 24 weider E-Methanol-Schëffer bestallt.
Domat kéint de Konzern eng 2,3 Milliounen Tonnen CO2-Emissiounen am Joer gespuert ginn.
Weltwäit produzéiert de Schëffsverkéier méi CO2-Emissiounen wéi de Fluchverkéier.
E-Methanol gëtt aus CO2 a gréngem Waasserstoff gemaach.