
En Donneschdeg den Owend huet den Elon Musk säi Récktrëtt als Chef bei Twitter ugekënnegt. Wéi hien iwwert déi sozial Medie matgedeelt huet, géif hien a ronn sechs Woche vu senger Nofollgerin ofgeléist ginn. Een Numm huet hien net genannt.
De Milliardär an Tesla-Grënner hat Twitter am Oktober fir 44 Milliarden Dollar iwwerholl. Kuerz drop hat de Musk den Twitter-Chef Parag Agrawal, de Finanzchef Ned Segal, d’Chef-Rechtsberoderin Vijaya Gadde a méi wéi een Drëttel vun de 7.500 Mataarbechter entlooss. Hien huet och déifgräifend Verännerunge fir d’Utilisateuren agefouert.
Schonn am Dezember hat de Musk ugekënnegt, vun der Twitter-Spëtzt oftrieden ze wëllen - allerdéngs eréischt, wann hien e gëeegenten Nofollger oder eng gëeegent Nofollgerin fonnt hätt.