
D’nächst Joer kéint e Milliardelach an de Bicher vum Tech-Gigant sinn. Wann een et ënnert deenen Ëmstänn net géif fäerdeg bréngen méi Geld eranzebréngen wéi auszeginn, da wier eng Faillite net ausgeschloss, gëtt de Musk a verschiddene Medien, dorënner Bloomberg zitéiert.
Twitter stécht zanter der Iwwernam vum Elon Musk virun zwou Wochen a schwéieren Turbulenzen. Ënnert anerem hu weider Top-Manager a Schlësselpositiounen de Betrib verlooss, ronn d’Hallschent vun de Mataarbechter goufen entlooss.