StroossbuergEU-Memberstaaten decidéiere méi streng Reegele fir Kënschtlech Intelligenz

RTL Lëtzebuerg
Déi nei "harmoniséiert" Reegele sollen ënnert anerem fundamental Rechter vun de Leit schützen.
© AFP/Archiv/FREDERICK FLORIN

De sougenannten “artificial intelligence act” géing, wéi et heescht, d’K.I., jee no Risiko astufen a reglementéieren. Fir d’Beraicher ewéi d’Defense oder d’Recherche ginn et Ausnamen. En “A.I. Office” géing dann och op EU-Niveau geschaaft ginn. De Conseil mengt, datt mam “artifical intelligence act”, Investissementer an d’Innovatioun gestäerkt gëtt. De Reglement soll a viraussiichtlech 3 Wochen a Kraaft trieden.

Apropos: d’KI-Firma OpenAI, déi ënnert anerem ChatGPT bedreift, huet annoncéiert, datt se eng kënschtlech generéiert Stëmm provisoresch géing ofschalten. Et handelt sech ëm eng Stëmm, déi där vun der Schauspillerin Scarlett Johanssen gläicht. Si war an ass dowéinst “schockéiert”.

Liest hei de Communiqué vum Europarot

Back to Top
CIM LOGO