
Wéi d’Säit “Down for everyone or Just Me” schreift, hätt d’Pann um 16.05 Auer ugefaangen, si war géint 17h20 nees geléist. Weider Detailer sinn aktuell nach net bekannt.
D’User goufe vun hire Geräter ausgeloggt a koumen zum Deel och net méi an hiren Account.
D’Pann huet wuel Millioune User weltwäit getraff. WhatsApp, wat och zu Meta gehéiert, huet aktuell keng Problemer.