
Zanter dem 6. Februar kritt een déi App an de bekannten App-Storen vun Android an Apple erofzelueden. Si maachen op X Reklamm mam Zitat “Votre acolyte IA ultime pour la vie et le travail”.
D’Ukënnegung vun der neier App kënnt kuerz virum groussen internationale KI-Sommet zu Paräis, deen e Méindeg an en Dënschdeg ofgehale gëtt.
MistralAI huet rezent e Partenariat mat der AFP ënnerschriwwen, wouduerch och Artikele vun der Noriichtenagence mat den Äntwerte vun der APP kënne verlinkt ginn respektiv d’App op d’Inhalter vun AFP-Artikele kann zeréckgräifen, fir op d’Froe vun de User ze äntweren. Dobäi huet een Zougrëff op d’Artikelen, déi zanter 1983 publizéiert goufen, an dat a 6 Sproochen, nämlech Franséisch, Englesch, Spuenesch, Arabesch, Däitsch a Portugisesch.
D’AFP huet aktuell en Archiv vu ronn 38 Milliounen Artikelen an all Dag kommen der 2.300 dobäi.