
D’SES hat den 29. Mäerz confirméiert, dass Fusiounsgespréicher mat der US-amerikanescher Firma Intelsat géife lafen. Et stoung en Zesummeschloss an der Héicht vun 10 Milliarden Dollar am Raum.
Bei der SES ass de Lëtzebuerger Staat mat 33 Prozent vun de Parten de gréissten Aktionär. Intelsat bedreift mëttlerweil méi wéi 50 geo-stationär Satellitten.