
Dës automatiséiert Äntwert huet awer elo Enn Juli nees geännert. Medienhaiser kréie als éischt emol eng Standardäntwert vun der Kommunikatioun vun Twitter: “Mir wäerten eis gläich mat Iech a Verbindung setzen”. Aktuell ass awer nach onkloer, ob Twitter och nees e Service fir d’Relatioun mat der Press huet oder ob dës E-Mail just eng méi héiflech Form ass, fir de Press e Kuerf ze ginn.