
Dat huet d’Mammegesellschaft, d’US-amerikanesch Entreprise Meta e Méindeg annoncéiert. D’Abonnementer kaschten 9,99€, wann ee se an engem Internetbrowser notzt, oder 12,99€ fir d’App um Handy. Wann ee personaliséiert Reklammen akzeptéiert, kann een d’Plattformen nach ëmmer gratis benotzen. Als Grond fir d’Aféiere vum Abonnement gëtt Meta d’Ufuerderunge vum europäesche gesetzleche Kader fir den Dateschutz un.