
Am leschten Artikel gouf scho kuerz erkläert, dass Deepfakes ënnert anerem Biller sinn, déi vun enger kënschtlecher Intelligenz gemaach ginn, awer esou echt wierken, dass se op den éischten an och zweete Bléck reell ausgesinn. An eisem Quiz konnt Dir testen, ob Dir reell Fotoe vu Biller ënnerscheede kënnt, déi vun enger Kënschtlecher Intelligenz gemaach goufen.
Ënnert den 13 Beispiller ware 6 Deepfakes.

Dës Biller goufe mat Hëllef vu Midjourney gemaach. Dat ass eng Kënschtlech Intelligenz, déi kapabel ass, KI-Konscht ze maache mat schrëftlechen Uweisunge vun den Notzer. Sou brauch ee sech eigentlech just beim Messenger-Déngscht Discord unzemellen an de Midjourney-Bot an den Chat ze invitéieren. E puer Wierder schreiwen, wat ee gären a sengem Bild hätt a scho kritt ee vun der Kënschtlecher Intelligenz e Bild gebastelt. Eng Partie Leit ameséiere sech dann a beschreiwen hiert Bild bis an de leschten Detail. A genee esou entstinn déi Deepfakes, déi ee bal net méi vu reelle Fotoen ënnerscheede kann.
Hei den Optrag, deen een Notzer Midjourney ginn huet.

Doraus ass dunn ënnert anerem dës Foto entstanen.

Well d’Software ze dacks mëssbraucht gouf, huet een elo den Déngscht vun der KI ageschränkt. Esou kann ee Midjourney zum Beispill keen Optrag méi mam Wuert “verhaften” ginn.
Dës Weideren huet een den Ament keng Méiglechkeet méi, d’KI mat enger gratis Testversioun ze notzen. “Wéinst ze héijer Nofro a Mëssbrauch vun de gratis Testversioune ginn dës desaktivéiert, bis mir eis nächst Verbesserung am System implementéiert hunn”, erkläert de Midjourney-Grënner David Holz.
Am Quiz waren natierlech awer och e puer reell Fotoen, och wann een net ausschléisse kann, dass dës e bësse beaarbecht goufen. Op alle Fall gouf d’Foto awer vun engem Mënsch gemaach an net vun enger Kënschtlecher Intelligenz.
Dës 7 Biller si reell.

Nëmme 14 vu ganzen 3.580 Participantë louche bei all Bild richteg. Den duerchschnëttleche Score läit bei 7,6. Dat heescht an der Moyenne gouf bei 7 bis 8 Biller erkannt, ob se reell sinn oder net.
An dëser Grafik kënnt Dir nokucken, wéi Dir ofgeschnidden hutt. Dat schlechtst Resultat war 2, dat bescht Resultat 13 vun 13 méigleche richtegen Äntwerten.
Wéi ee rausfanne kann, ob e Bild vun engem Mënsch gemaach gouf oder e Produkt vun enger Kënschtlecher Intelligenz ass, kënnt Dir an dësem Faktencheck noliesen.