
Fir den Notzer, deen ëmmer nach Windows 10 op sengem Computer lafen huet, bedeit dat net, datt e sech direkt en neie PC oder Laptop kafe muss. Allerdéngs réit Microsoft dréngend, de Betribssystem op Windows 11 ze aktualiséieren, deen am Joer 2021 verëffentlecht gouf. Géif een dat net maachen, wieren net méi all Funktiounen disponibel an och d’Gefor fir Cyberattacke géing an d’Luucht goen.
Fir Persounen, deenen hire Computer net mat Windows 11 kompatibel ass, offréiert Windows awer nach eng Extensioun vu Sécherheets-Updatë fir Windows 10 ëm ee weidert Joer. Wéi dat geet, gëtt um Site vu Microsoft erkläert.
Sécherheetsrisiken: Windows 10 vun Oktober un net méi gratis supportéiert (08.01.2025)