
Grad emol véier Bäiträg vun deenen 200 hat “X” no enger Woch vun der Plattform geholl, esou d’Organisatioun CCDH. Direkt op dës Kritik vun den Experte fir Haassrieden huet “X” net reagéiert, ma e puer Stonnen no der Publikatioun vun der Kritik huet een e Post online gesat, wou erkläert gouf, wéi ee mat Inhalter, déi géint d’Reegele vun der Plattform verstoussen, ëmgeet.