Elon Musk annoncéiert"Starship"-Rakéit soll Enn 2026 op de Mars fléien

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de SpaceX- an Tesla-Chef um Kuerznoriichtendéngscht X matgedeelt. An der Rakéit matfléie wäert an dësem éischte Versuch de Roboter "Optimus".
© AFP/Archiv/RONALDO SCHEMIDT

Sollt et zu enger erfollegräicher Landung kommen, kéint vun 2029 un och eng bemannt Missioun a Richtung Mars starten. Dem Musk no schéngt 2031 allerdéngs méi warscheinlech. Bis ewell gouf et 8 Testflich mat der Rakéit Starship, bei deenen et allkéiers Probleemer goufen. Beim rezentste Versuch virun enger Woch, war en Deel nees explodéiert.

Mat 123 Meter ass Starship déi bis ewell gréissten a stäerkste Weltraumrakéit iwwerhaapt. Zil vu SpaceX ass et, eng Rakéit ze bauen, déi e puermol ka verwent ginn an domadder Käschte spuert. D’Nasa wëll eng aner Versioun vu Starship fir Flich op de Mound benotzen.

Back to Top
CIM LOGO