
Well Twitter Sue braucht, ginn aktuell Géigestänn aus dem Siège zu San Francisco versteet. Bei enger Onlineauktioun goufen 100.000 Dollar fir eng ee Meter grouss Vullen-Statue bezuelt. Eng Liichtinstallatioun mat engem bloe Vull huet 40.000 Dollar bruecht.
Am Ganzen huet Twitter 631 Géigestänn zum Verkaf ugebueden. Dorënner Dekoartikelen, Espressosmaschinnen, een zwee Meter grousst Blummendëppen a Form vun engem @-Zeechen, Schreifdëscher, Pizzaiewen an Tëleeën. Den Elon Musk hat Twitter Enn Oktober fir 44 Milliarden Euro iwwerholl a kuerz drop d’Hallschent vun de 7.500 Mataarbechter entlooss a weider Spuermesuren annoncéiert. Mat dem Abo “Twitter Blue”, fir deen ee bezuele muss, hofft een op weider Recetten.